Facebook Email
 
VERMESSTEN DÉIEREN
(LESCHT 10)
OPFONNT ODER ZE VERMĂ‹TTELEN
AM MOMENT GËTT ET KENG BILLER VUN DÉIËREN DÉI ZE VERMËTTELEN SINN.

Neie Fleegefall : Nala

Update 9. September 2017 :

D'Nala ass elo, no engem Mount an der Klinik, bei den DFL a Fleeg a gëtt weider gutt versuergt. Seng Operatiounen sinn all gutt verlaf; leider huet et och nach missen de Schwanz amputéiert kréien. Seng Brech verheele gutt an hatt kann mëttlerweil scho rëm op senge 4 Patte stoen.

Hatt ass immens verschmust a léisst alles gedëlleg iwert sech ergoen!

D'Nala ass um gudde Wee rëm fit ze ginn...

9. August 2017

D'Nala, jonk Kaz, gouf ugestouss vu Gemengenaarbeschter an d'Klinik bruecht. Hatt huet 4-5 Brech, déi a puer Sitzungen operéiert musse ginn.

Et wärt e laangen Heelungsprozess ginn, mee d'Nala huet déi Chance verdéngt!

Seng Besëtzer wëllen hatt lo leider net méi, mee mir maan alles, dass d'Nala rem ganz gesond gëtt.

Januar 2017: Fleegekazen bei den DFL

Update Februar 2017:

Ech hu mech gutt erholl a sinn erëm fit :-) dofir sinn ech elo erëm zréck bei meng Leit, déi mech weider gutt versuergen a verwinnen! Elo freeën ech mech op d'Fréijoer...

Januar 2017:

Dëse schwarz-wäissen Fleegepuss huet de Schnapp a kritt net gutt Loft. Hien gëtt säit puer Wochen bei den DFL gefleegt a mir hoffen, dass en geschwënn rem fit a gesond ass!

 

true

 


Update Abrëll 2017:

Ech hu mech gutt erholl, och mat e puer Zänn manner ginn ech gutt eenz :-)

Ech hun dann och meng nei Famill fonnt wou ech e Kolleg hun a gutt verwinnt ginn!

Merci iech all, déi mech ënnerstëtzt hun! :-)

 

Update Februar 2017:

Mir geet et scho vill besser, meng Wonn gëtt reegelméisseg gelasert an ass baal ganz verheelt. Elo brauch ech dee blöden Triichter mol net méi unzedoen! Ech hun e puer Zänn déi entzünd sinn, déi muss ech nach gerappt kréien :-( Bis ech erëm ganz fit sinn, ginn ech natierlech weider bei den DFL versuergt!

Januar 2017:

Dëse schwarze Puss ass och a Fleeg bei den DFL. Hien gouf mat enger grousser Wonn um Hals fonnt. Mat nach e bësse Gedold wärt seng Wonn geschwënn verheelt sinn.

 

true

 

Hien gouf zu Wolper fonnt, falls Dir en erkennt oder vermësst, kennt Dir Iech bei eis mellen. Am aanere Fall ass hien a gutt Hänn ze vermëttelen, soubal hien erëm ganz fit ass. Hien ass ganz heemlech an zoutraulech!

 

Oktober-Dezember 2016: Fleegekaz bei den DFL

Update 12.01.2017

De Pedro huet lo eng gutt waarm Plaz um Bauerenhaff fonnt, wou hien verwinnt a versuergt gëtt an e gesecherten Ausgang huet. Hien huet sech scho gutt ageliewt a mat senge neie Kollegen ugefrënd :-)

true    true

 

Ech sinn de Pedro a gi bei den DFL opgepäppelt. Ech kréien net gutt Loft, wahrscheinlech chronesche Schnapp. Meng Krusten un den Oueren komme wahrscheinlech vun der Sonn. Do sinn d'Oueren ouni Sonneschutz besonnesch ufälleg bei deene wäisse Kazen. Dréckt mir Daumen, dass ech geschwënn rëm fit sinn!

 

 

Occhio

13.01.2017 News vum Occhio :

Haut weisen ech Iech emol wat fir e schéine grousse Kueder ech mëttlerweil gi sinn :-) Mir geet et weiderhinn richteg gutt. Wéivill ech nach op mengem Aa gesinn, wees keen sou genau, mee ech ginn tiptop eenz esou; ech rennen a spillen am Haus wéi géckeg a loosse mech gär verwinnen :-) Ech muss zwar nach ëmmer all Dag Drëpsen a Crème an d'Aa kréien, mee domat hun ech a meng Mënschen dat awer am Grëff an et ass stabil. Bis demnächst erëm, Ären Occhio! :-)

22.05.2016 News vum Occhio :

Hallo dir Léiwer. Leider hat déi Sach mat mengem Drock am Aa net ugehalen an den Drock war rem ze héisch ginn. Ech gouf dun nach eemol um Aa gelasert, du war den Drock och erof gang, mee lo ass en awer erem an d'Lucht gang :-( d'nächst Woch fueren ech erem bei den Spezialist an d'Kontroll. Dréckt mer d'Daumen an d'Patten, dass deen nach eng Iddi huet, fir dass ech mäin Aa kann behalen! DFL maan alles wat méiglech ass fir mir ze hëllefen mäin Aa ze retten!

10.03.2016 News vum Occhio :

Ech sinn erëm an juhuuuu mäin Drock ass erëm am Normalberäich! Ufff ech muss zwar nach weider e puer Drëppsen an d'A kréien all Dag, mee dat sinn ech jo gewinnt sou an elo muss ech awer spille goen, schliesslech hun ech dat de Mëtten verpasst ...

10.03.2016 News vum Occhio :

Mir geet et eigentlech ganz gutt 😻 ech spillen de ganzen Dag mat menge Kazekollegen a loosse mech gutt verwinnen 😸
Ech hun just säit e puer Wochen ze héischen Drock a mengem gudden Aa. Dee musse mer onbedingt erof kréien! Dofir fueren ech och säitdem erëm reegelméisseg op Zweebrécken bei de Spezialist, och haut. Dréckt mir d'Daumen, dass den Drock mat den neie Medikamenter erof gangen ass 🍀

 

Ech halen Iech um lafenden wann ech zeréck sinn den Owend

 

24.01.2016

Kuckuck, hei sinn ech mol erëm eng Kéier! Mir geet et super gutt, mäi Guckelchen huet sech virbildlech entwéckelt säit der OP. Ech hun entscheed, dass ech meng Fleegeleit net méi hierginn an bei hinnen wunne bleiwen! Lo kann ech de ganzen Dag mat menge neie Kazekolleegen rennen a spillen a wann ech mitt sinn, raschten ech e bëssen um Canapé...ei wat e Genoss!
 

Iech all nach eemol e ganz grousse Merci fir Aer Ennerstëtzung an, dass Dir mech ni opginn hutt!

Aeren Occhio !  :-)

true

19.12.2015

Kuckuck. Ech war haut an d'Kontroll mat mengem Guckelchen an et ass alles tiptop :-) den Dokter ass ganz zefridden an ech gesinn erem eppes juhuuuu :-)) nächst Woch kréien ech nach d'Fiedem gezunn an sinn dann hoffentlech och den Triichter lass. Déi vill Méi huet sech gelount, mäin Aa ass gerett! Merci Iech all fir Aer Ennerstëtzung!

Bis geschwënn, Occhio

 

11.12.2015
Hei sinn ech erem. Ech hu meng OP souwäit gutt iwerstan. Wéivill ech rem wärt gesinn mat mengem Aa, dat weist sech déi nächst Deeg a Wochen, dréckt mir weider d'Daumen. Ech muss lo 2 Wochen mat sou engem blöden Triichter ronderem lafen, a muss och nach emmer vill Drëppsen an d'Aa kréien, mee och dat huelen ech gedelleg hin! A wësst Dir wat se nach mat mir gemach hun: si hu mech och nach kastréiert!! Wann ech dat alles gewosst hätt  !

Bis geschwënn, Aeren Occhio
 

10.12.2015
Kuckuck,


 

Haut ass mäi groussen Dag, ech sinn um Wee fir op Zweebrécken fir mat mengem Guckelchen operéiert ze ginn. Ech muss gestoen, ech sinn awer schonn bëssen nervös an ech hoffen, dass alles gutt verleeft an dass ech dono erëm eppes gesinn. Dréckt mer d'Daumen ganz fest, dass alles gutt verleeft.
Ech mellen mech erëm wann ech aus der Narkose erwäscht sinn.

 

Merci fir är Ennerstetzung
 

Occhio

 

Update 23.11.2015:

Kuckuck, haut war ech nach eemol bei de Spezialist an d'Kontroll. Mäi "gutt" Aa ass elo souwäit stabil, sou dass ech an 2 Wochen kann operéiert ginn. Dréckt mer d'Patten, dass ech dono rem besser gesinn!

Et ass eng opwänneg an deier OP, mir freeën eis iwer all Ennerstëtzung.

Merci! :-)

CCPL LU48 1111 1328 0613 0000

 

Update 03.11.2015:

Ech war haut bäi e Spezialist a krut nei Medikamenter. Ech muss leider op mengem "gudden" Aan operéiert ginn. Ech hoffe, dass alles gudd ausgeet. Elo sinn ech midd a raschten. Dréckt mer weiderhinn d'Daumen!

Update 01.11.2015:

Mäin Aan ass leider nach emmer net sou ganz an der Rei, mee ech hoffe weiderhin, dass et an déi gutt Richtung geet. Ech hun déi nächst Woch e RDV bei engem ganz gudde Spezialist, et ass zwar bësse méi e wäite Wee fir mech am Auto, mee och dat packen ech. Mol kucken wat dee Monni Dokter seet. Ech halen Iech um Lafenden! Merci, dass Dir mech weider ennerstëtzt!

Update 02.10.2015:

Mengem Aan geet et endlech besser juhuuuu. D'Mme Veterinärin huet gesot, dass et lo biergop geet an mäin Gucki um gudde Wee ass rem gesond ze ginn. Ech muss nach emmer vill Crèmen an Drëpsen dra kréien, mee soulang dat mir hëlleft, loossen ech dat tapfer iwwert mech ergoen. Dréckt mir weider d'Daumen!

Mir soen och MERCI fir all finanziell Ennerstëtzung!

Update 25.09.2015:

Trotz villen Crèmen, Drëpsen an Siropen hunn ech nach ëmmer e Lach an der Hornhaut vu mengem gudden Gucki. Dréckt mer d'Daumen dass ech dat an de Grëff kréien trotz deene villen Vétérinaires- Visiten déi zimlech ustrengend fir mech sinn.

14.09.2015

Meng Fleeg ass zimlech deier, well ech mäin 2. Aan muss gerett kréien. Ech muss 2-3 mol d'Woch bäi d'Mme Veterinärin a kréien ëmmer erem Medikamenter. Wann Dir mir wëllt hëllefen déi ze bezuelen, da kenn Dir dat man op den:
LU48 1111 1328 0613 0000 CCPL
Décke Merci

 

Patenschaft für Campingkatzen

Mit nur 40 € kann man einer Campingkatze eine artgerechte Fütterung über den ganzen Winter sichern. Übernehmen Sie eine Patenschaft für eine Katze indem Sie den Betrag von 40 € auf das Postscheckkonto IBAN LU48 1111 1328 0613 0000 überweisen mit dem Vermerk Patenschaft für eine Campingkatze.

Sie werden schon bald von Ihrer Katze hören.

 

Weitere Informationen erhalten Sie über Telefon 691 52 19 03.

Die Campingkatzen wünschen all ihren Helfern einen angenehmen Winter.

Schluss mam Terror am Bësch: Mahnwaach den 3.12.2016

      

  

  

Eng vun eise Fudderplazen: dëse Bauerenhaff gëtt alen a wëlle Kazen e neit Doheem!

             
    

             

Wann Dir eis ënnerstëtze wëllt:

CCPL LU48 1111 1328 0613 0000

Fotoën vun de Kaazen

 

De Felix mat sénge Frënn

...time to chill out... 

06/11/2016: De Felix am Porzeläin :-)

 

De Chef :-)

     

 

Kastratiounsaktiounen vun den DFL

Oktober 2016: 12 Kazen a Kuederen konnten agefang an operéiert ginn

     

August 2016: 3 Klénger an 2 Erwuessener konnten agefang ginn. Déi Erwuessen goufe steriliséiert an déi Kléng ginn an e puer Wochen a gutt Hänn vermëttelt :-)

           

Asaz mam Service d'intervention vétérinaire an de Konsdrëfer Pompjeen.

Felix

Grousse Merci un de Louis de Lima an den Dan Thiel matt der Equipp.

01.08.2016 Update:

Ech hu mech richteg gutt ageliewt! Hei gesidd Dir mech mat mengem neie Kolleg, dem Georges, dee wéi ech d'Heft gebrach hat an och lang huet misse gefleegt ginn. Mir 2 sinn awer erëm richteg fit :-)

 

19.06.2016 Update:

Wéi Dir gesidd geet et mir richteg gutt...ech genéissen mäi neit Liewen um Bauerenhaff. Hei gesidd Dir mech grad a menger Summerresidenz :-)

   

 

15.05.2016 Update:

Ech genéisse mëttlerweil mäi Kazeliewen op engem schéine Bauerenhaff. Ech hun do vill nei Kollege kritt mat deenen ech mech gutt verstinn. Mat de Mënschen sinn ech nach emmer bëssen zréckhalend a schei, mee mat der néideger Gedold ginn ech lues a lues méi zoutraulech.

Mir wënschen dem Felix vill Freed a ginn hien weiderhinn vun Zäit zu Zäit besichen! :-)

18.03.2016 Update:

Ech krut virun e puer Wochen d'Schrauwen, déi ech a meng Hëft agesat kritt hat, erem eraus operéiert. Dat ass alles gutt verlaf an ech kann schon erem zimlech gutt sprangen a lafen! Ech ginn nach ëmmer bei den DFL versuergt an esou ganz lues awer secher färten ech nët méi grad souvill a verstoppe mech och nët méi sou séier wann ee bei mech kennt! Matt vill Gedold ginn ech bestëmmt e bësse méi zoutraulech. Mat aaner Kazen verstinn ech mech allefall gutt! Bis geschwënn erem, Aere Felix :-)

true           true

 

 

01.11.2015 Update:

Ech ginn nach emmer bei den DFL versuergt a gefleegt. Leider sinn ech nach net méi heemlech ginn a loossen mech och net vu menge Fleegeleit upacken ouni ze späitzen, fauchen, schloen, bäissen. Dofir mussen déi emmer eng zolitt Hänsch undoen. Mee dat mecht näischt, ech kréien déi Zäit, déi ech brauch fir rem fit ze ginn. :-)

02.10.2015 Update:

Ech hu meng Operatiounen all souwäit gutt iwwerstan a ginn lo bäi den DFL vesuergt a gefleegt. Blooss an Darm eidel maan klappt och erem ganz gutt an d'Fruppsen souwisou. Ech muss nach eng Zäitchen an engem Käfeg bleiwen, well ech mech sou wéineg wéi méiglech soll beweegen, fir dass meng Hëft gutt kann heelen. Dréckt mir d'Patten, dass ech rem ganz gesond ginn. 

Ech freeë mech natierlech weiderhin iwwert all finanziell Ennerstëtzung!

25.09.2015 Update :

No enger Woch matt vill Wéih, ass de Puss haut operéiert ginn. Hien huet de Schwanz missen amputéiert kréien an un der Hëft operéiert ginn. D'Blooss an den Darm eidel mache fällt him och nach schwéier, mee d'Frupsen an Drénken geet ganz gudd. D'OP huet hien souwäit iwwerstanen.

Leider geet ët nët duer matt enger OP an hien muss nächst Woch nach eemol ënnert d'Messer.

De Kueder freet sëch iwwert all finanziell Ennerstëtzung, well déi ganz Pfleeg kascht vill Suen.

Elo schon en décke  MERCI   fir ären Don un d'DFL

 

E schwarz-wäisse Kueder ouni Chip an nët kastréiert, nach zimlech jonk, deen ugestouss an an e Rouer gekroch ass, ass no enger Iwwerschwemmungsaktioun an d'Netz gangen a gerett ginn.
En ass elo bäim Vétérinaire a gett versuergt. Leider huet hien relativ vill gebrach. Mir drécken d'Daumen an d'Patten.

Wann Dir als Propriétaire e vermësst da meld iech w.e.g. bäi eis.

Locketto

Update 01/08/2016:

Dem Locketto seng Wonnen sinn all ganz gutt verheelt an hien ass mëttlerweil rem doheem bei senge Leit, déi hie säit Joeren bei sech am Gart fidderen. Him geet et richteg gutt an dat gesäit een och :-)

De Locketto gëtt am Moment bäi den DFL gesond gefleegt. Dréckt him d'Daumen, hien huet eng schlëmm Bësswonn an huet misse vill gebitzt ginn. Mir maan alles, dass seng Wonn gutt heelt an hien rem geschwënn heem kann goen!

Fütterung der Raubtiere

Dank Äre Spenden, hun d'Pussen de Bauch ëmmer gutt gefëllt! MERCI !!
 
 
true
 
 
true
 
 

Fütterung der Raubtiere

All déi Pussen, a vill aanerer, kréien dank Aere Spenden de Bauch gutt gefëllt!

MERCI !

 

Kommt an eise Shop kucken, mir hunn Akafskierf an T-Shirten a flotte neie Farwen!

Bestellt einfach per E-Mail op info@deierefrenn.lu oder iwert  hei klicken
 

   

Stoffen Akafskierf fir 8,00 EUR